Pressecommuniqué – AgriPV zu Lëtzebuerg

Mir waren Haut agelueden op d’Aweihung vun der éischter AgriPV-Anlag zu Lëtzebuerg, déi vun GPSS S.A geplangt ginn ass. Mir vun Eurosolar si frou, dass deen éischte vun de 14 Pilotprojeten aus der Ausschreiwung elo fäerdeg gestallt ass. Ee wichtege Schrëtt an déi richteg Richtung fir d’Produktioun vun den erneierbaren Energië no fir ze dreiwen. An een zousätzlecht Akommes fir eis Landwierten.

Mir si gespaant op déi nächst Projeten an halen iech natierlech um Lafenden.

Hei gesidd dir e puer Fotoë vun der Ouverture:

Hei fannt dir och eise Pressecommuniqué op Däitsch a Franséisch, dee mir Haut de Mëtteg erausgeschéckt hunn:

You may also like these