D’Prosumer Anlag erkläert – ee neie Clip vun Eurosolar Lëtzebuerg

Mir ware beim Guy Weiler, an hien huet eis gewissen, wéi eng Prosumer Anlag funktionnéiert, a wat technesch do alles dohannert stécht. Hei kënnt dir eise neiste Video kucken:

https://youtu.be/EAhb48jJXFo

Hei fannt dir nach e puer Erkläerungen zu den technesche Begrëffer:

Gläichstroum =

Am Sproochgebrauch gëtt meeschtens vun Gläichstroum a Wiesselstroum geschwat an awer Gläich- a Wiesselspannung gemengt. Meeschtens ass Spannung d’Ursaach an de Stroum entsteet duerch Spannung. Gläichspannung entsteet bäi der Solaranlag. Eng Solarzell huet ronn 0,5 V, e Modul (Panneau) huet haut em déi 40 V. Moduler ginn a Rei geschalt sou dass eng Anlag oft em déi 600 V-1000 V huet. Gläichstroum gëtt och mat DC (direct current) beschriwwen an ännert seng Stroumrichtung net. Gläichspannung entsteet zum Beispill duerch chemesch Prozesser a Batterien.(z.B.: 1,5V= oder 12V=)

Wiesselstroum ~

Wiesselstroum, och mat AC (alternating current) bezeechent ännert seng d’Richtung periodesch a mat konstanter Widderhuelung. Wiesselstroum  a Wiesselspannung ginn haut an eisen Netzer benotzt well et ëm 1900 méi einfach war domadder niddreg Spannungen op méi héich Spannungen ze transforméieren, déi gebraucht ginn sinn fir den Transport iwwert grouss Strecken. An eisen Steckdousen hu mer eng Wiesselspannung vun 230V~ (Effektivwert) mat enger Frequenz vun 50 Hz (50 Widderhuelungen pro Sekonn).

Dréistroum oder Dräi-Phase Wiesselstroum 3~

Dréistroum entsteet wann dräi zäitlech liicht verréckelt Wiesselspannunge (phasenverschoben) wierken. Déi Phasen verréckelt Spannungen entstinn an engem Generator well do dräi Wécklungen vun Drot, déi Spannungen induzéierten, an engem Krees op gläicher Distanz (120°) ugeuerdent sinn. Déi Spannungen déi an dësem dräi-Phase System generéiert ginn kennen mat méi héijer Effizienz transforméiert ginn a spueren Material am Verglach zum 1 phasesche Wiesselstroum. Eis Haiser zu Lëtzebuerg ginn mat Dréistroum beliwwert. Geräter mat vill Leeschtung brauchen Dréistroum. Een Elektroauto kann een zum Beispill mat Dréistroum 3 mol méi schnell lueden wann den Auto dat erlaabt.

Wiesselriichter (DC -> AC)

Een normale Wiesselriichter mëscht aus enger Gläichspannung (meeschtens em déi 600 V-1000 V) vun der Solaranlag Wiesselspannung op enger oder 3 Phasen.

Batterie Wiesselrichter (AC -> DC)

E Batterie Wiesselriichter mëscht aus der Wiesselspannung eng Gläichspannung fir d’Batterien ze lueden.

Solar “Laderegler” (DC -> DC)

Wéi den Numm et seet ass dat e Gerät fir Batterie mat Solarstroum ze lueden, also een DC-DC Wandler mat MPPT Regler (kuck ënnen). Verschiddenen elektronesche Geräter brauchen verschidden Spannungen. Een DC-DC Wandler kann Gläichspannungen erop oder erof transforméieren (z.B. 600V= vun der Solaranlag op 48V= vun der Batterie).

Hybrid-Wiesselriichter

En Hybrid-Wiesselriichter ass en normalen Wiesselriichter an e Batterie-Wiesselrichter an engem Gerät. Dat bedeit dass hien och nach eng Batterie lueden an entlueden kann.

Energy Storage System (ESS)

Een Energie-Späicher-System ass ee Gerät oder méi Geräter déi zesummen schaffen fir Energie ze späicheren an zu engem méi spéiden Zäitpunkt nees hier ze ginn. Oft ginn haut Energie-Späicher-Systemer mat Batterie benotzt. ESS fir privat Stéit, och bekannt als Home Storage, ginn a Verbindung mat private PV-Anlagen benotzt. De generéierte Stroum kann esou temporär gespäichert ginn fir Zäite vum Dag oder der Nuecht mat wéineg oder kenger Sonn awer héijem Energiebedarf. Bei industrieller Uwendung ginn ESS als Noutstroum Versuergung benotzt oder fir d’Stroumnetz ze stabiliséieren.

Maximal Power Point Tracking MPPT

Wiesselriichter an Luedereegler versichen natierlech déi maximal Energie aus der Photovoltaik-Anlag ze zéien. Dat maachen si mat enger Reegelung, déi MPPT genannt gëtt. Si erreechen dat duerch Verännerung vun hirem Agangswiderstand (Leeschtungs-Upassung). Dat ass néideg, well d’Stroumstäerkt bäi Solaranlagen vun der Astralung ofhänkt an déi massiv a schnell ännert (Wolleken).

Raspberry Pi

Den Raspberry Pi ass een vollwäertege Computer am Mini-Format op enger Platinn (SBC: single board computer). Dëse Mini Computer gouf ursprénglech fir dn Asaz a Schoulen entwéckelt. Säi Präis läit em déi 50€ an dofir gëtt en haut vill vun Bastler an Tüfler, fir IoT-Geräter (Internet of Things) an souguer an der Industrie agesat.

You may also like these