Iwwert eis

Eurosolar Lëtzebuerg gouf 2002 als gemengnëtzeg lëtzebuergesch Organisatioun gegrënnt an ass eng Sektioun vun Eurosolar e.V., enger 1988 gegrënnter europäescher Vereenegung fir erneierbar Energien.

Eis Ziler:

D’Haaptzil vun Eurosolar Lëtzebuerg a.s.b.l. ass dat vollstännegt Ersetzen vu fossillen an atomaren Energien duerch erneierbar Energien.

  • Eurosolar Lëtzebuerg a.s.b.l. iwwerhëlt de Rôle vun enger nationaler Vereenegung fir d’Fërderung vun erneierbaren Energien.
  • Eurosolar Lëtzebuerg a.s.b.l. gesäit seng Aufgaben besonnesch an der Fërderung vun der Informatiouns-, Bildungs- an Ëffentlechkeetsaarbecht. Dëst maache mir duerch:
    • Organiséiere vu Kongresser, Workshops, Seminären an Ausstellungen.
    • Organiséiere vun fachbezunnenen Aarbechtskreesser.
    • D’Publikatioun vun Informatiounsmaterial (iwwert eise Site, sozial Medien, Podcasts a Videoreportagen)
  • Eurosolar Lëtzebuerg a.s.b.l. bitt jiddwerengem d’Méiglechkeet, duerch eng perséinlech Memberschaft eppes zu der Energiewend bäizedroen, an esou och zu enger soziokultureller Beweegung fir d’Sonnenenergie matzewierken.
  • Eurosolar Lëtzebuerg a.s.b.l. gesäit an enger solarer Energieversuergung déi zentral Viraussetzung fir d’Erhale vun de Liewensgrondlagen vun der Mënschheet an enger nohalteger Wirtschaft. Et ass d’Verantwortung vun den industrialiséierte Gesellschaften, dat solart Energiezäitalter anzeleeden an domadder och een zentrale Bäitrag fir de friddlechen Ausgläich tëscht Nord a Süd ze leeschten.
  • Eurosolar Lëtzebuerg a.s.b.l. ass eng Sektioun vun Eurosolar e.V. (Europäische Vereinigung für erneuerbare Energien / www.eurosolar.org).

Eis Statuten

Eis Ekipp:

Eisen aktuelle conseil d’administration: